Che

Ech soen et direkt firweg: Ech geheiren der Generatioun un, dei et als sennvoll  empfond huet en Revival vun lenksidealisteschem Gedankengut ze ennerstetzen, sprech: Sex Pistols woren furchtbar in an nach vill mei cool wor et en (meeschtens rouden, wei symbolesch…) T-Shirt unzedoen mat dem Che sengem bärtegen Gesiicht drop. Ech haat nie een an sin sou weit och ganz frou doriwwer. Interesseiert fir dien Mann hun ech mech trotzdem an versicht mer eben Informatiounen zesummenzesichen, dei sech en 14-jähregt Meedchen (mat schwarzen Converse Schung dei futti woren…)nunmol sicht. Beandrockt huet en mech net sonnerlech, en Revolutionär dien als Mettel zum Zweck Gewalt benotzt huet an hey, daat as dach net okay, oder?

Mat mäßegem Interesse un dem Mann hun ech mer dann lescht Woch dem Steven Soderbergh sain “Che:Part One” uguckt. Meng Haaptmotivatioun wor den Benicio del Toro, dien ech als wonnerbaren Schauspieler empfannen, allerspeitstens seit ech “21 Grams” an “Traffic” gesin hun. Dobai hät ech mir keen Schauspieler kennen erdenken, dem sain zerknautscht, iergendwou ellent an dach onheemlech interessant Gesiicht besser bei d’Verkierperung vum Che passt. Den Film hun ech relativ langootmeg fond. Un der Längt lung et net wirklech, eischter dorun, dass den Ernesto Guevara mat sengen Guerilla Kämpfer en gudden Deel vum Film durch Dschungelgebidd gelaaf as. Geint Schluss vum Film as et wesentlech mei opreegend an aktiounsraich gin, waat dann eng gewess Dynamik mat sech bruet huet, dei dem Zuschauer (villaicht awer och nemmen mir) d’Loscht gin huet mat ze kämpfen. Gudd gefall huet mir, och wann ustrengend, dass den gesamten Film op Spuenesch wor. Wesentlech mei authentesch huet en net nemmen doweinst gewierkt, mee virun allem durch eng groußarteg Performance vum del Toro, den net nemmen als Leader vun sengen Guerillas iwwerzeegt huet, mee och an den kuerzen Sequenzen an dienen heen enger amerikanescher Journalistin en Interview get oder virun UNO-Länner Vertriedern Rieden hält.

En objektivt Bild op d’Gescheinisser vun domols geheit den Film net. Den Personnage vum Che get net entmystifizeiert(ech waarden den zweeten Deel oof), mee nach emmer als glorreichen Kämpfer fir Fraiheet gewissen, den den beisen Imperialisten den Fanger weist. Dest mag och en Grond dofir sin, dass den Film an Amerika bei waitem net esou gudd ukomm as ewei an Europa. Den Ernesto Guevara erschengt den ganzen Film durch als en gefaaßsten, eeschten, nodenklechen an durchaus intelligenten Mann, dien sain Ziel mat all Mettel erreechen wollt. Just dei Mettel sin menger Meenung no am Film net ausraichend thematiseiert gin. Lounenswert as den Film menges Eruechtens no trotzdem, sief et net nemmen fir sech un seng (ehemoleg) jugendlech Idealer ze erennern an se nach eng Keier ze iwwerdenken.

Advertisements

3 thoughts on “Che

  1. Hunn den Ché och lo gesinn. Net schlecht, gët een puer nei Detailer gewuer (ech opmanst), mee en ass e bëssen laang an den Rythmus ass sou la-la …

    Ech mengen, dass dem Ché seng mei däischter Säit am zweeten Deel adresséiert gët. Si gespaant.

  2. strawdog:

    Ech sin immens gespaant op den zweeten Deel, gespaant ob den en bessen mei polariseiert. Looss mech wessen wei den dir gefall huet, wanns du en bis gesin hues.
    : )

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s