Factory Girl

sedgwickwarhol

D’Edie Sedgwick, Meedchen aus enger guddbiergerlecher an raicher amerikanescher Famill, as als jonk Fra no New York gezunn fir mat senger Kenschtlercarrière unzefänken, hat wollt Molerin gin. Schein wei et wor, as et an der Metropol relativ seier mat Berühmtheeten an Kontakt getruet, enner denen: den Andy Warhol. Den Kenschtler huet hat als onheemlech schein empfond an hat praktesch direkt als Haaptduerstellerin vun sengen Filmer enner Vertrag geholl. Fir eng Zait hun dei zwee en symbiosenartegt Liewen gefouert, alles mateneen gedeelt, sief et Kleeder oder Speed. Iergendwann huet d’Edie sech an den Bob Dylan verleift. Den Andy wor jalous, huet dei Entwecklung vun hirer Bezeihung net verkraft, hat virun d’Dier vun der Factory(dem Warhol sengem Kenschtlernascht) gesaat an et duerch en aanert blond Meedchen ersaat. D’Edie fillt sech verstouss, gekränkt, versicht den Andy zereckzegewannen, brecht souguer den Kontakt zum Dylan oof. Alleng gelooss verfällt hat den Drogen emmer mei, verleiert seng Wunneng an brennt an engem Accident d’Chelsea Hotel baal oof. Weineg Joer drop brengt et sech em, am Alter vun 28.

Vum Andy Warhol an der Pop Art Bewegung insgesamt sin ech mäßeg begeeschtert.  Ech fannen sou munches flott (bspw. dem Roy Lichtenstein seng Arbecht), fillen awer, dass d’Wuert  “Pop” mei wichteg schengt ewei “Art”.

Main Interesse as trotzdem esou weit gaang, dass ech mer d’Filmbiographie “Factory Girl” ugeguckt hun. D’Edie Sedgwick get portraiteiert, dem Warhol seng eischt Muse. Gespillt get den Blondschopf vum Sienna Miller, dem allseits bekannten It-Girl. Den Film befaasst sech net direkt mat der Pop Art Richtung, as awer centreiert op d’Edie an doweinst spillen den Andy Warhol an seng Factory eng essentiell Roll.

Meng Erwaardungen un den Film woren relativ neutral. Engem Mensch wei dem Andy Warhol Ausdrock ze verleihen as schweier an riskant. Beim Sienna Miller denken dei meescht Menschen eischt emol un eng Reih Schlagzeilen, eventuell nach un en opfaalend scheinen Stil, awer mat Secherheet net un herausragend schauspieleresch Fähegkeeten. Ma virun 2 Joer huet sech duerch den Film “Interview” mam Steve Buscemi(den Schauspieler, den en wirklech gudd Beispiel fir den menschlechen Verfall virum Doud as) main Bild vun der Joffer Miller verännert. D’Sienna huet domols eng schlecht, verwinnten an iwwerflächlech Actrice gespillt(klengt autobiographesch)- an daat immens gudd. “Villaicht passt et jo richteg  gudd an d’Roll vun engem verreckten 60er Meedchen” duecht ech mir an sin mer “Factory Girl” ugucken gaang.

Deels mat Super8kamera gefilmt, deels schwarzweiss, heinsto mol Originalfotoen matrabruecht wollt den Film arty wierken an huet daat och net verfehlt. Aesthetesch gesin huet den Film mir gudd gefall. D’Moud am Film war extravagant an over the top, d’Musek wor genau esou wei een sech dem Warhol sain Goût firstellt, den lassgeleisten, fraien Flair zu New York an den 60er war daitlech ze spieren.

Dem Sienna Miller seng Duerstellung vum Edie war gudd. Eng daitsch Band benotzt an engem Lidd den scheinen Saatz “Mädchen Sein allein ist keine Tugend”. An desem Film: Dach, as et. D’Edie huet keng besonneg Fähegkeeten ausser wirklech gudd auszegesin, onanstänneg laang Wimperen an eng tragesch Vergaangenheet ze hun. Klengt langweileg, as et awer net wirklech. D’Sienna get iergendwann den Androck komplett mat senger Roll verschmolz ze sin, waat dem Film eppes immens perseinleches an besonnesches get. Prägnant get seng Performance zum Schluss, wann d’Edie an den Andy sech “trennen” an en mentalen Verfall sain Laaf helt. Mee och wann d’Sienna seng Arbecht gudd mecht, sou packt den Film et menger Meenung no net der Liewengeschicht vum Edie dei neideg Deift ze gin, en funktioneiert weder optimal als Filmbiographie, nach als Drama.

D’Factory selwer as esou wei een sech se firstelt, en Sammelsurium fir Kenschtler, Museker, Fraigeeschter an denen, dei et gären wieren. Den Guy Pearce spillt den Warhol an präsenteiert eis hien als en egozentreschen, arroganten, iwwerflächlechen, awer och als verluerenen an trauregen Mensch. Glaichzaiteg schockeirend awer och desiullusioneirend, fängt dach daat Bild vum Genius daat d’Menschheet vun dem Warhol huet un ze bröckeln. Den Warhol as selwer der Gesellschaft verfall, dei heen sou vehement an sengen Wierker kritiseiert an verdaiwelt huet. En Mensch den sech duerch Aueßerlechkeeten an duerch Ruhm kaafen leisst, daat awer iergendwann och selwer ageseit, zouget.

Fir jiddfreen, den iergendwou interesseiert as un dekadenten Kenschtlern an trauregen, mee scheinen Meedecher sollt sech den Film ugucken, en awer op keen Fall ze eescht huelen.

Advertisements

2 thoughts on “Factory Girl

  1. Eppes, wat vlaicht net direkt domat ze din huet, mee ‘Interview’ hun ech als en extrem ustrengenden Film empfonnt. nerveg Personnagen. do helleft dat flott Sienna och neicht mei.

  2. Ech muss zougin den “Interview” net ustrengend, mee wirklech witzeg an deif fond ze hun. D’Personnagen woren komplett fucked up, mee richteg leschteg. An d’Miller ewei och den Buscemi hun hir Roll immens gespillt: )

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s