Du levande

Aus dem Beraich skandinaveschen Kino fällt mir, wei villaicht denen meeschten,  eischt mol d’Dogma Beweegung an. Geschter hun ech mir dem schwedeschen Roy Andersson sain “Du Levande” (You the Living) ugeguckt an festgestalt: Oh! Den Lars von Trier as net den eenzegen verreckt-genial-nervegen nordeschen Filmmaacher. Desen Film as zwar duerchaus teschnech nach emmer experimentell an interessant, zimlech haard an streng waat d’Bild vum Mensch an sengen Eegenarten ugeht, mee aanescht wei dei meescht von Trier-Filmer leisst den heiten keen batteren Goût op der Zong, genausou weineg wei eng nidderschmetternd Botdschaft(Jiddfreen den “Dancer in the Dark” gesin huet dierft wessen wouvun ech schwätzen). “Du Levande” as en Film den an 50 verschiddenen klengen Sequenzen d’Liewen, d’Problemer an d’Dreem vun “Duerchschnittsmenschen” beschreift. Sief et en jongt Meedchen daat sech an en Marilyn Manson Verschnett verleift (am Film heescht seng Band “Black Devils”), en Schrainer den gedreemt huet en geng enger nationalsozialistescher Famill hir 200-Joer aalt Porzellain zersteiren oder eng iwwergewiichtegt Alkoholikerin an Leoparden-Leggings dei am Film em dei 25 mol seet: “Nobody understands me”. No dem Film freet een sech relativ schnell waat daat alles ze bedeiten haat. Ech bezweifeln, dass et eng definitiv Aentwert op dei Fro get. “Du Levande” benadrockt einfach duerch seng niichtern, tragikomesch an oft surrealistesch Art an Weis mat Themen wei Alleng-sin, d’Onfähegkeet vun den Menschen sech geigensaiteg ze verstoen, Stierwen oder banalen Härzschmärz emzegoen. Ennerluet sin dei kleng Geschichten mat nordescher Volksmusek, dei ufangs komplett absurd wierkt, dono einfach nemmen nach passend an dem Andersson sain Senn fir Humor enner Beweis stellend.

Den Film lieft vun enger eenzeger Kameraastellung, hellen Fuerwen, deels langweilegen an wirklech onspektakulären Kulissen, souwei engem bewonnerswärtem Emgang mat allem waat ellen  an oofstoussend as. Keng Spuer Hollywood an Glamour as an dem Film ze fannen an daat as gudd esou. Bei mir huet den Film en Schmunzeln an en gudd Gefill am Bauch hannerlooss.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s