Revolutionary Road

Gescht Owend hun ech erem en Film op menger “Muss-ech-virun-der-Oscarnuecht-gesin-hun-Lescht” ofgehaakt. Op dest Wierk gefreet hun ech mech virun allem weinst dem Kate Winslet, daat mech (Titanic zielt jo do net wirklech, an selwer do…) un sech nach nie an sengen schauspielereschen Fähegkeeten enttäuscht huet. Den Regisseur Sam Mendes kennt een  aus Filmer wei: American Beauty, Road to Perdition, Jarhead…  Desen Mann huet also och eng zousätzlech positiv Aussicht gebueden.

Mett 5oer an Amerika. Jonk Koppel. Hun zwee Kanner. Stereotyp Firstaadt Haus. Heen huet en onzefriddenstellenden mee gudd-bezuelten Beruf, hat d’Flemm. Wei erauskommen aus der klengbiergerlescher Welt? Dilemma.

Den Film huet mir alles an allem gudd gefall. Muncher geheien dem Film fir en wir dreschen, arm un Aktioun an insgesamt eischter langweileg. Jein. Den Film zitt een net an d’Gescheihen eran, d’Charakteren hun net dei neideg Deift fir mat hinnen ze leiden, en Deel vun hirem Misère ze fillen. Mee menger Meenung no brauch een desen Phénomène hei och net. Den Film as net op Subjektiviteit ausgeluecht, mee op eng saachlech, deels kaal Observatioun vun baussen. D’Dramatik dei sech tescht dem April an dem Frank oofspillt as immens gudd, realistesch an jo, natirlech duergestalt. Onneideg tragesch Verschnörkelungen, wei een se esou oft an Dramen gesait, sin hei net ze fannen. Dem Kate Winslet seng Fähegkeet symbolesch Gefiller auszedrecken benadrockt mech emmer erem. Hat as fir mech eng Actrice, dei sech an eng Roll eranlieft, eng zweet Haut undeet an sai Personnage wei natirlech, wei selbstverständlech spillt. Och den Leonardo DiCaprio huet mech erem iwwerzeegt. Mettlerweil dierft jo souwisou kloer sin, dass heen weitaus mei as wei en Gesiicht op engem Bravo-Pouster. Heen huet sech brillant an dei Roll agefügt. D’schauspieleresch Harmonie tescht him an dem Kate Winslet as  iwwerwältegend. Och d’Leeschtung vun den Niewenduersteller, virun allem den David Harbour als Noper den sech an d’April verguckt huet, war iwwerzeegend.

Wem 50er Joeren Flair, zermürbend Bezeihungsproblematik an en Revival vum Kate Winslet an dem Leonardo DiCaprio gefaalen, sollt den Film gesin. Bonus: Besonnesch lounenswerten Schluss.

Advertisements

One thought on “Revolutionary Road

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s