“Ein kurzes, intensives Fest”

Main Wiesen begeeschtert sech am allgemengen fir Konscht, och oft fir dei domat zesummenhängend Biographie vum jeweilegen Kenschtler. Heefeg stin d’Liewen vun engem Artiste an sain Wierk an enger noer, baal symbiosenarteger Bezeihung zoueneen. Etlech Kenschtler hun hir perseinlich Welt an hir Arbecht matafleissen gelooss, sieft et och nach esou ennerschwelleg an zereckhaalend. Dem Picasso sain “Guernica” as net zulescht en Ausdrock vun sengem intim gefillten Entsetzen waat Krich ubelaangt an den Mark Rothko huet an senger leschter Liewensperiod, an der en vun schwarzen Gedanken wor, ugefaang seng Biller emmer mei daischter an bedrohlecher wierken ze loossen.

Sou as et och net aanescht bei enger vun mir immens geschätzter Kenschtlerin, der daitscher Expressionistin Paula Modersohn-Becker. Seng Wierker hun ech virun ongefeiher engem Joer op enger Ausstellung an der bremer Konschthaal kennegeleiert. Seit dem Zaitpunkt sin ech faszineiert vun den liichtenenden Fuerwen, naturverbonnenen Motiven an vun der immens hannergrendlecher, oft melancholescher Stemmung dei an desen Biller ze fannen as.

Sain Liewen wor kuerz, hat as am Alter vun 31 un enger Embolie gestuewen. Der Kenschtlerin wor et kloer, dass et em hir Gesondheet net zum beschten steht, huet daat eegent Liewen virum Doud als “kuerzt, intensivt Fest” bezeechent. En passenden Ausdrock, considereiert een daat real Gelierften, awer och d’Empfannen vun der Welt, hiert Reflekteiren iwwer d’menschlecht Dosin un sech.  D’Paula Modersohn-Becker huet zu enger Kenschtlergrupp zu Worpswede, bei Bremen geheiert, zu der enner aanerem den Rainer Maria Rilke, daitschen Lyriker an den Heinrich Vogeler, Jugendstilkenschtler geheiert hun. Hir Grupp hat staark Zich vun enger sozialistescher Kommune, lenks Idien sin ausgetosch gin, Pläng fir eng “besser” an “gerecht” opgedeeltener Welt sin geschaaf an ausgetosch gin. An deser Grupp huet d’Paula mat sengem Mann Otto Modersohn-Becker, ebenfalls Moler, gelierft. Glecklech soll hat gewiecht sin, awer, sou besoen Biographien, net konstant.  Seng Ehe as him oft erdreckend an bremsend firkomm, sain Liewen an der norddaitscher Idyll war zeitweis onzefriddenstellend, ongenügend. Sou huet et Reesen no Pareis ennerholl, dei no an no an en zweeten Wunnsetz gemündet hun. Nieft dem Molen vun Natur, Selbstportraits, Biller mat kloer exoteschen Afless, huet hat intensiv geschriwwen. Sieft et Tagebuch oder en regen Breifverkeiher, mat beispielsweis sengem Dichterfrend  Rilke. Zu Worpswede huet hat dei neideg Rou, daat naturverbonnent Gleck fond, zu Pareis gouf him en opregend Liewen gebueden, Kenschtler wei den Paul Gauguin hun mat him zesummengeschafft, hat beaflosst, seng Arbecht verännert.

Fir seng kuerz Schaafenszeit huet d’Kenschtlerin vill Wierker vollend, en erstaunlech intensivt an vielseitegt Liewen gefouert. Seng Biller sin en Fest fir d’Aan, en herrlecht Zesummenspill vun Natur, deels baal surrealisteschen Fuerwen, verspillten Motiver an genausou eeschten, baal tristen Themen. Jo, en Fest.

Ech sin keen groussen Frend vun leschten Wieder, mee ech muss soen, dass dem Paula seng wuel relativ trefflech sin: “Wie schade” .

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s