The Duchess

Ech muss et zougin. Ech sin onheemlechen Keira Knightley Fan seit “Pride and Prejudice” an virun allem, seit “Atonement”. Dobai kent, dass ech verleift sin an britesch Gärt, Moud aus dem 18ten Joerhonnert, d’Repräsentatioun vum Adel… Ech duecht mer, dass ech all daat am “The Duchess” begeinen geng- an jo, sou sollt et sin. Vill erward vum Film hun ech mir net, vu dass d’Kritiken eischter schlecht reageiert hun an ech vun Frenn, dei en gesin hun och naischt Immenses heieren hun.

Mee: ech hun der Joffer Knightley an dem vun mir vereiherten Här Fiennes hiren neien Film gudd fond. Beandrockt huet mech virun allem d’mise en scène. D’Opnahmen vun der Landschaft, den Reim, den Baalsäll an virun allem dei emmer rem opdauchend Noopnahmen vum Keira Knightley sengem Gesiicht hun et mir ugedoen. De Schnett an d’Kamerafeihrung hun ech schéin an zum Thema passend fond, genau wei daat wonnerbart Fuerwenspill. D’Keira Knightley hun ech an senger Roll als Duchess, deren eenzeg Funktioun doran besteht en Jong, en Nofolger  ze gebären, gudd fond. Sain Gesiicht as fäheg Emotiounen, sin se nach esou ennerschwelleg, op eng schéin an glaichzaiteg immens iwwerzeegend Art an Weis duerzestellen. Mee befir ech elo zevill an dSchmachten geroden, soen ech nach derbei, dass den Ralph Fiennes erem eng Keier bewisen huet, wei wonnerbar hien beisartg, ekelerregend an ofstoussend Menschen duerstellen kann (wei beispielsweis als Harry am “In Bruges”). Och hei, als dominanten, deels souguer gewalttätegen Mann huet heen seng Roll gudd an iwwerzeegend gespillt, net ounie eng mei oder manner gewollt Portioun Zynismus, dei gelegentlech en Ulooss zum Laachen gin huet. Weisou den Film munchen net gefällt, keint eventuell um Thema leien, daat tatsächlech haut alles aanere wei aktuell as, ech geng souguer woen ze soen: vergiess as. D’ Georgiana (Knightley) geht voller Hoffnung als 18jähregd an dei Ehe eran, naiv an onschelleg wei et as. Hat fent keng Leift an keen Gleck mee: Den William (Fiennes), den mei an seng zwee Juegdhenn ewei an hat verleift as. No enger onmooss vun onglecklechen, enttäuschenden an frustreirenden Erliewnisser (enner aanerem d’Tatsaach, dass hat en Ménage à trois feiren muss) gesait d’Georgiana an, dass et als Fra sain Liewen net an d’Hand huelen dirf, respektiv gezwongen as resigneiert Mamm an Ehefra ze bleiwen. Pflicht geint Loscht, Mammengefiller geint richeg Leift. Haut geng een daat wuel arrangeiert kreien, domols net. Och wann net mei aktuell, sou as “The Duchess” nach emmer interessant an opschlossraich.

An mai Gott: Dei Kleeder!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s