Ladurée

t-marieantoinette11

Wou ech virun 3 Meint zu Pareis wor, haat ech mer e puer must-see Plaatzen erausgesicht. Do waren derbei:Shakespeare and Company, eng Ausstellung am Petit Palais, e Nuetsspazeiergang laanscht d’Seine an…e Besuch an der Delicatessen-Pâtisserie Ladurée.

Dei eischten Keier sin ech op Ladurée Gebäck am Sofia Coppola sengem “Marie-Antoinette” opmierksam gin.Welcht Meedchen wollt sech no desem Film net an eng Rokoko-Buedbidden leen, dei bis uewenhin gefellt mat rosa Bottercrème as? Ladurée huet desen Film mat onzählegen Kuchen, Tärtercher an klengen Pâtisserien ausgestatt.

Fir en Pareiser dierft daat kloer sin: Ladurée as zwar net den Erfanner vun dem berühmten Macaron, mee Ladurée huet dest klengt Gebäck salonfäheg gemaach. Pro Daag gin bei dem Edelbäcker em dei 15.000 Macarons verkaaft, an klenger an grousser Ausfeierung. Am 16ten Joerhonnert as den berühmten Kichelchen vun enger italienescher Marquise no Frankraich importeiert gin, d’Zutaten hun bis haut weineg variieiert. Bei Ladurée get een mettlerweil allerdengs virun eng schweier Entscheedung gestalt waat daat feint Gebäck betrefft: D’gin onzähleg Geschmacksrichtungen, vun Mandel iwwer Lavendel bis hin zu Anis.An eppes sollten all Macarons gemeinsam hun: Se sin seiss. Ganz seiss.

Besonnesch guckenswert as dei neier Ladurée-Pâtisserie op den Champs-Elysées, den Intérieur as vun engem Jugendstilkenschtler dekoreiert gin. De Plafond as bedeckt vun Glasblummen an Paiperleken. D’as en wonnerbart Gefill sech tescht dausenden vun Macarons, Verkeefern mat Hänndchen an naja…spueneschen Touristen mat grellen Fotoapparatbletzer erem ze fannen. Wiren dei net do gewiecht, hät ech mech wirklech wei d’Kirsten Dunst mat blonder Lockenpereck gefillt.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s