La Poupée Russe

Shame
Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren.

Et ass schwéier den Effet, de Shame op de Spectateur huet, ze beschreiwen. Am Ufank denkt ee sech, dass et villäicht nu mol e méi oder manner schéine Mann ass, den einfach gäre Fraen huet. Dës Vermuddung gëtt da séier ersat duerch d’Erkenntnis, dass hien net fäheg ass eng Bezéiung ze féieren, sief et zu enger Fra, engem Frënd oder senger Schwëster. D’Präsenz vun der Schwëster rifft an him Gefiller herfir, déi e vergiesse wollt, vergruewe wollt. Hien erdréit keng Wäermt, keng Nähe, nëmme Sexualitéit kann ëm d’kuerz Illusioun vu Léift, Zouneigung a Gebuergenheet ginn. Eng Sexualitéit, déi ëm keng Freed ze bereede schéngt, mais eng Necessitéit ass. Hee muss an den orgasmeschen Zoustand kommen fir sech net a senge Gefiller goen ze loossen.

Duerch d’Sissy an d’Erënnerungen déi hat a sech dréit wäert hien ufänken sech ze verstoen. Hee wäert rose sinn, hie wäert hat haassen, well hat e Verhalen entwéckelt huet, dat de Contraire ginn ass vun dem Brandon sengem, hat schéngt Léift, Akzeptanz an e Gefill vun Doheem-Sinn ze brauchen a verzweiwelt ze sichen. Konfrontéiert mat allem dat hat representéiert fänkt hien un, déi Perséinlechkeet, déi e konstruéiert huet, ze zerstéieren. E wëll net méi, mais e kann net ophalen.

Shame deet wéi. Et  deet wéi zwee Mënschen ze gesinn, déi gelidden hunn, wouduerch et och ëmmer war. Mënschen déi net aus hirer Haut kënnen, well se et net geléiert hunn, et net verstinn, et einfach net kënnen. Si di sech wéi. A si dinn anere wéi. Verluer a verlooss, sti béid Personnagen virun engem Ofgrond den onendlech déif schéngt; an et ass eis wéi wa mer se zeréck huele wéilten, mais si falen, verschwannen. Rare hunn ech mech no engem Film esou traureg an opgebraucht gefillt. Ech hunn e gesinn a dono duecht ech wéi traureg, kleng a verluer dach alles ass. Virun allem wéi kleng mir sinn. Séier sinn dës Gefiller verschwonnen, mais ech konnt net ophalen un de Film ze denken. De Steve McQueen huet mënschlech Empfannung an d’Mënsch-Sinn u sech op eng Art a Weis portraitéiert, wéi se esou virdrun nach net gesi gouf. Hien huet eng simpel an awer staark ästhetesch Cinématographie mat engem zaarten, onimposanten Soundtrack zesumme bruecht. Ech sollt net erwähne missen, dass souwuel de Michael Fassbender wéi och d’Carey Mulligan onheemlech an  deels souguer erschreckend gutt waren. De Film ass perfekt ofgeronnt, näischt ass zë vill, de Steve McQueen huet sech net drop agelooss d’Geschicht ze iwwerspëtzen, mais dofir e perfekte Schluss erausgeholl. Shame hält op wéi en ufänkt, dezent, melancholesch, douce. An zu all dem och: wonnerschéin.

Melancholia
No dem epesche Prolog den de Schluss ewechhëlt a kloer mécht wourop de Film erausleeft, fänkt den éischten Deel vu Melancholia un. De Michael (Alexander Skarsgård) an d’Justine (Kirsten Dunst) fueren an enger Limousine op hir eegen Hochzäit a komme mam Auto net ëm eng Kéier. D’Gefiert ass ze laang. Se ginn ze Fouss, kommen ze spéit. Se schénge glécklech. Mais wéi och scho bei Breaking the Waves huet de Spectateur en ongutt Gefill während dem Fest. Wéi esou oft bei dem Lars von Trier waacht d’Onheel vun Ufank un iwwer allëm. D’Kameraféierung ass irritéirend a souguer schmäerzhaft unzekucken während der éischter Halschent. Séier fanne mer raus dass mat dem Justine eppes net stëmmt. Hat ass net zefridden, hat ass onroueg, leeft fort viru sengem Mann, léisst e stoen a schlussendlech alleng. Hat ass depressiv, fënnt Zouflucht bei senger Schwëster, dem Claire (Charlotte Gainsbourg). Während dem Justine seng Depressioun sech moderéiert klëmmt dem Claire seng Angscht viru ‘Melancholia’, engem Planéit den d’Äerd passéiere soll.

Dem Claire seng onbändeg Angscht virun der Kollisioun, dem Weltënnergang, kontrastéiert mat dem Justine senger Gläichgëltegkeet. Näischt Guddes ass entstanen, wisou ëm d’Mënschheet traueren a fäerten? Et ass den Ënnerscheed tëscht Goeloossen a Festhaalen de Melancholia a mengen Aen besonnesch mécht. De Schluss bitt eis eng meditatiounsarteg Zeremonie, d’Waarden op den Doud an aller Rou gemëscht mat der Angscht virun der Zerstéierung, dem Näischt.  De Film, wéi och de von Trier selwer, huet Schwächen. En ass laangotmeg, muncher fannen e vläit och einfach langweileg. Den Ufank wéi och de Schluss si vun enger Opulenz déi wagnerarteg Ausmoossen unhëlt, wat deels immense iwwerspëtzt wierkt. Dem Lars von Trier seng oppe Geréngschätzung vu Männer ass mat Momenter schwéier unzekucken, mer gesinn wéi d’Männer vun den zwee Fraen als domm an ahnungslos Wiesen duergestalt ginn, während d’Claire an d’Justine e scho bal iwwernatierleche Sënn entwéckelen. Hir feminin Perceptioun erlaabt hinnen ze gesinn an ze spieren wat anerer net mierken.

Melancholia ass e Film de weist, dass et net schlëmm ass d’Welt ze verléieren, well mir hir näischt méi ze bidden hunn.  Et ass e Film iwwer Gefiller an wéi et ass keng méi ze hunn. D’Kirsten Dunst huet an dësem Film endlech all Erwaardungen erfëllt déi mer scho laang u säi Schauspill stellen an och d’Charlotte Gainsbourg mécht aus enger relativ fader Roll en novollzéibare Charakter. Ästhetesch bis elo de beschte Film vun dem Regisseur, inhaltlech leider dann awer ze vague an eidel.

Blue Valentine
Ech hunn an desem Moment The Summer without Men vum Siri Hustvedt fäerdeg gelies. Viru kuerzem hunn ech Blue Valentine nach eng Kéier gekuckt a festgestallt, dass et eng gutt Idi wir déi Gedanken, déi mer béid Wierker ginn hunn auszedrécken.

Blue Valentine vum Derek Cianfrance ass eng Geschicht iwwer zwee Mënschen, d’Cindy (Michelle Williams) an den Dean (Ryan Gosling), déi sech kennegeléiert, verléift an entléift hunn. Se ass schéin a romantesch, se ass traureg a se schéngt wouer. Hien ass en exzentreschen jonke Mann dien an enger Plënnerentreprise schafft, Ukulue spillt, séngt an wéi et schéngt en mëttelschwéiert Talent fir alles huet. D’Cindy ass op eng bedréckend Art schéin. Et studéiert Medizin bis dat net méi méiglech ass. Hat ass frech, clever an zu sengem Wiesen gehéiert eng eegenarteg Brutalitéit. Ze gesinn wéi béid Mënschen openeen réagéieren am Ufang ass réirend. Si schéngen allen zwee eppes Schwéieres u sech ze hunn, eppes Ustrengendes. Mir erliewen hir Bezéiung net chronologesch. Mir sprangen vun der Erzéiung vum Meedche, Frankie, zu verzweiwelte Versucher an engem futuristesche Motelzëmmer hir Léift zeréck ze gewannen. Mir gesinn tëschenduerch wéi se mateneen danzen an sech bestueden an och wéi se sech am Bus emarmen, wéi no an onendlech alles schéngt. Dat ass et net an dat wësse mir befir de Film ugefang huet.

Während d’Cindy sech oppen entléift, feindeseleg a scho baal gewalttäteg gëtt, beméit den Dean sech em hir Léift. Hien wëll net verléieren. Hat wees dass si scho verluer hunn. Heen ass den Idealist, de Familiemënsch, hat wënsch sech méi wéi en Mann den seng Famill mat engem schlechte Beruff erniert. De Film gëtt eis d’Gefill vum Dean an der Opferroll, heen ass de Romantiker, hee geheit d’Erwardung vun der Geschlechterroll ëm. Eng Szen déi mir besonnesch gutt gefall huet weist d’Cindy wéi hat wëll geschloe ginn, hee soll him wéi doen fir dass hat mat him schlofe kann. Hee wëll net, mécht et net. Heen wëll Léift wou keng méi ass.

De Film geheit d’éiweg Fro op no der Dauer vun der Léift, dem Verléiftsinn. Wéi kënne Gefiller verschwannen, wéi séier a wéisou? Dem Gosling seng Duerstellung vun engem ongleewbar gudden an naive Mënsch ass hiräissend. An och wann et en konventionellt Thema ass, sou bleiwe mer dach während dem Film waachsam, well en dat Schéint vum Ufang mat dem Enn vun der Léift vermëscht. Et klot keen un, et mécht kee Firwérf. Mir gesi Mënschen mat verschiddene Gefiller an dat ass gutt. Et ass gutt vun noem Roserei ze weisen, Gewalt, Trauregkeet an en onschéinenn, net consoléirende Schluss. Ni ass de Film prätentiéis, ni wëll en eppes firliewen, firschreiwen, firmaachen. Et deet gutt dat alles esou ze gesinn, gemëscht mat enger wonnerbarer Cinématographie déi genee déi richteg Fuerwe weist an eis d’Gesiichter an hiren Inhalt oder hir Eidelheet no bréngt.

Dat Bescht seit langem.

The Tree of Life
The Tree of Life ass dem Terrence Malick, den eigentlech Philosophie zu Harvard studéiert huet, säi fënnefte Film. Nodeems ech mer den Trailer vill ze oft ugekuckt hunn, huet sech eng eegenaarteg grouss Virfreed entwéckelt. Dës Freed sollt net enttäuscht ginn, mais ass erhiewlech gewuess an ass zu  Bewonneren a Staune ginn. De Film huet mech matgeholl vun Ufank un, sief et a Biller vu kosmeschem Liichten oder engem Kand dat aus dem Schaum an der Buedbidde laachend eropspréngt. Dat Visuellt ass wuel den éischten Deel vun  The Tree of Life den ee bestaunt oder dee wéinstens iwwerrascht. De Malick verbënnt, sief et narrativ oder nëmme grafesch, d’Entstéiung  vun dem Universum, vu Liewe mat der Evolutioun vun enger Famill a virun allem vun dem eelste Jong aus der Famill, dem Jack. Vum Mikrokosmos iwwer de Makrokosmos benotzt de Malick Biller déi an der hei Konstellatioun nach net gesi goufen. Onnëtz et ze beschreiwen, et muss ee selwer gesinn a beschtefalls fillen. D’Faarwen an d’Forme stellen an all Szen d’Liewen a seng Fragilitéit duer. Wann eng Well schléit oder wann zwee Bridder mateneen am Gras sëtzen, da spiert ee kloer wéi gutt et dem Malick gelongen ass eng pantheistesch, allemfaassend Natur, Léift an Dynamik duerzestellen.

Genuch vun der Schwärmerei elo, wéi ass de Film? D’Famill O’Brien lieft an den 1950er an enger klenger Staat an Texas mat dräi Kanner. Mir begleeden e Mann an eng Fra déi verléift sinn, eng Fra (Jessica Chastain) mat bal engelaartegen, gëllenen Hoer an e Mann (Brad Pitt) mat engem strengen an zugläich demütege Gesiicht. Si kréien dräi Kanner, den éischt gebuerenen ass den Jack (Hunter McCracken), den seng ganz Kandheet mat senge Bridder a sengen Elteren an engem Haus verbréngt dat u skandinavesche Stil erënnert an awer onverfehlbar amerikanesch ass. Am Ufank gesi mir den erwuessenen Jack (Sean Penn) an engem Héischhaus stoen, roueg, nodenklech, eescht. Eréischt wa mir gesi wéi seng Kandheet war, wat hien erlieft huet an wéi en et erlieft huet kënne mer erahne wéi e Gefill et fir hien ass erwuessen ze sinn op dëser Welt. Dem Jack seng Kandheet ass geprägt vun enger gudder, gleeweger an onschëlleger Mamm déi him a sengen zwee Bridder e Stéck Himmel gëtt. Si léiert den Jack d’Natur an domadder Gott ze uechten, si danzt wéi en iwwernatierlecht Wiese mat hire Kanner am Gaart a gëtt hinnen déi Léift déi si brauche fir si op eng Welt virzebereeden an der et schéngt wéi wann Léift oder Grace den eenzege Wee wieren. Am Géigesaz zur Mamm verbreet de Papp eng mat Momenter beängschtegend intensiv Autoritéit. Hien wëll den Jack staark maachen, fir alles ze ereesche wat hien ereesche wëll. Mat Kapp a Fauscht soll hien sech duerchsetze kënnen. Tëscht dëse Polen sinn d’Bridder tëscht Léift an Ehrfurcht hin an hir gerass a réischt wann si sech oplehnen an hir Onschold verléiere schéngt et wéi wann si, geprägt vu béiden, en eegene Wee sichen. D’Famill, genee wéi d’Natur ass op subtil an awer iwwerwältegend Art representéiert. Rare ass d’Onschold vun der Kandheet, hei en proustescht verluerend Paradis, esou ästhetesch duergestallt ginn. Rare hunn sech Liewewiesen op enger Leinwand esou no an esou zerbriechlech ugefillt. D’Biller, d’Musek – ënner anerem d’wonnerbar Moldau vum Bedrich Smetana – an d’Narrativ sinn perfekt anenee gefloss an hunn de Filmer an all Moment genossvoll gemaach. Et ass e Film den ufänkt mat Trauer, mat der éiweger Suerg vun der Absurditéit vum Liewen, firwat komme wann ee souwisou erëm geet? Den Terrence Malick mécht aus dëser existentieller Fro e Wandel duerch Zäiten a Platzen den ee mat sech selwer konfrontéiert an déif gräift. Et ass dem Film mat Momenter firzerwerfen dass en sech selwer ze eescht hëlt, dass deelweis ze vill Pathos erakënnt. Näischtsdestotrotz ass et dem Terrence Malick gelongen en Kontinuum ze schafen dat net nëmme Raum an Zäit, mais d’Entwécklung vun alle Mënschen an d’Entwécklung vun engem eenzelne Mënsch ëmfaasst. En ästhetescht Meeschterwierk.

universe of milk and ember
En neie Blog mat Fotoen a gelgentlechen Texter. Den hei bleiwt wéi en ass. Sou wäit, sou gutt.

www.wettentspannen.wordpress.com

Nei
Laang ass et hir seit ech fir d’lescht eppes geschriwwen hunn. Mais geschwënn sollt erëm méi hei sinn. Och wéinst Filmer déi geschwënn eraus komme wäerten an villes verspriechen, och wann se kryptesch wierken. Hei ënnendrënner zwee Traileren vun The Tree of Life  vum Terrence Malick and Melancholia vum Lars von Trier.

‘What you call love was invented by guys like me to sell nylons’
Loosst eis ee Moment zesummen an eng Méiglechkeet eraklammen. Stellt Iech fir Dir lieft an de Siechzeger Joeren. Zu New York. Dir schafft op Madison Avenue an enger Werbeagentur. Är charmant a maskulin Art erënnert un den Humphrey Bogart an Är Fra ass en zimlech gudde Grace Kelly Verschnëtt. Dir drénkt gär a fëmmt vill. Am léifste verbréngt Dir är Zäit mat Fraen mat deenen Dir net bestued sinn a kommt meeschtens eréischt dann heem wann Är Kanner schonn an hire Virstaadt Better schlofen. Dir setzt alles drun Är Vergaangenheet net mat der Géigewaart a scho guer net mat der Zukunft ze vermëschen. Nee, Dir hutt keng Vergaangenheet. Well et gëtt nëmmen ee Wee an de weist riichtaus. Dir gitt keng Kompromësser an a gleeft drun dass ee mat Geld och déi déifst Wonnen heele kann. Meeschtens. Léift a Frëndschaft si relativ, de Mënsch en intelligent mais manipuléierbart Deier. Dir lieft fir de gudde Moment well et schéngt wei wann Dir nëmme kuerzweileg zu Gléck bereet sidd. Dir sidd den Don Draper.

Den Don Draper ass ouni Zweiwel ee vun den interessantesten, déifgrennegsten a charmanteste Serienpersonnagen deenen een an der Serienlandschaft begéint. Hien ass geheimnisvoll, mooslos selbstiwwerzeegt a kee schéngt de Mann wierklech ze kennen. ‘He could be Batman for all we know’; wéi en Mataarbechter eemol bemierkt. Et ass dem Don Draper seng Arbecht bai enger Werbeagentur op der Mad. Av. a säi Liewen ronderëm, dat Mad Men portraitéiert. De Spectateur begleet hien mueres an d’Agence Sterling Cooper an der en bis spéit owes Alkohol ausschëtt, sech an aneren, a während gudden Iddien a schlechte Virschléi fëmmt wéi wann et kee muer géif ginn. Duerch heen begéint een déi verschiddenst Typen un Mënschen-  an u Fraen. Wuel bemierkt, Fraen a Männer gouf duermols nach net déi gläich Funktioun oder Intelligenz a scho guer net Kreativitéit zougesprach.

Sou léiere mer den exzentreschen a sarkastesche Mann kennen, de Roger Sterling, dem säi Papp d’Agence matgegrënnt huet an de sech ökonomesch a statussymboltechnesch verpflicht fillt weider säin Onwiesen bei Sterling Cooper ze dreiwen. Och de Jonken, muenchmol liicht schmieregen an ofstoussenden, opstriewende Mann taucht op. De Pete Campbell ass den, den nach  keng wirklech fest Perséinlechkeet entwéckelt huet an onoflässeg probéiert sech bei jidderengem beléift ze maachen- och gären duerch Beleidegungen an deplacéiert humorvoll Remarquen. D’Fraewelt bei Sterling Cooper get ugefouert vun der Office Managerin Joan Harris, der Haaptsekretärin souzesoen. Si ass charmant, autoritär, ongleewbar bevirmondend an bilt den eroteschen Zentrum mat Hëllef vun eng uleiende Kleeder déi de ronnen an attraktive Kierper nach besser ervirhiewen. Muenchmol ertappt een sech derbäi bei engem roude Kleed hänke bliwwen ze sinn ouni ze mierken dass geschnidde gouf. Als Kontrast zu dëser an der Rumm vun den Ëmstänn selbstbewosster Fra léiere mer onmëttelbar an der éischter Episod dem Don Draper seng nei, jonk an endlos naiv wierkend Sekretärin kennen, d’Peggy Olsen. Hat mécht en onsécheren a verluerenen Androck, stellt sech awer als kreativ a witty eraus an entwéckelt sech esou zum Copywriter. Net nëmme stellt hat am Laf vun der Serie eng vun de Fraen duer déi sech ëmmer manner vun hirem mysogenen Ëmfeld beaflosse loossen, mais et entsteet och eng besonnesch Vertrauensbezéiung tëschent him an dem Don Draper, déi duerch verschidden onglécklech an traumatiséirend Erliefnisser an de Liewe vun denen zwee geformt gëtt. Net zu lescht bilt och dem Don Draper seng Fra, Betty Draper, en Dréi an Angelpunkt. Mir begéinen hat meeschtens a sengem Haushalt a geleeëntlech an der Owesgarderobe wann et säi Mann wéi en kléngen Diamant begleede soll. Schéin, autoritär an oft scho baal skrupellos ass et, an der Erzéiung vunn hire Kanner erschreckend simplistesch, noléisseg an noezou grausam. D’Betty Draper ass en noezou perfekt geschriwwenen a vum January Jones wonnerbar interprétéierte Personnage dem een am Laf vun der Serie oft méi no kennt wei ee léif huet.

An engem gutt inszenéierten Zesummespill vunn den Charakteren entwécklen sech Intrigen op professionnellem Niveau souwéi an den tëschemënschleche Bezéiungen. Vu dass extraconjugal Bezéiungen Pflicht ze si schéngen an d’Liewen zu New York mat ville Reizer spillt ass et net ëmmer einfach an Intégritéit ze liewen. Och Sterling Cooper beweegt sech tëscht grandiosen Idien, Drëscheperioden an internen souwéi globalen Problemer.

Gutt geschriwwen an déifgrënneg Charaktere sinn onvermeidlech fir eng erfollegräich Serie ze produzéieren, maachen awer net alleng d’Genialitéit vunn Mad Men aus. Villméi ass et hei eng Mëschung aus grandiose Charakteren, engem gutt duerchduechten a spannende Plot an dem ni ze vill passéiert an engem Environnement dat authentesch an net zu lescht och erschreckend realistesch wierkt. De Spectateur gewënnt e Portrait vun de Siechzeger dat a sengem Facetteraichtum vollkomme wierkt. Als soziologesch Analyse léisst sech Mad Men gär a gutt kucken, oft als satiresch an humorvoll Realitéit aus enger vergaangener Zäit déi eis extrem geprägt huet. Mad Men ameséiert eis, bréngt eis zum Nodenken iwwer eis eege Liewesformen an hannerfreet d’Grondfeste vun eiser Gesellschaft. Näischt gëtt higeholl wéi et ass, alles sicht no enger Erklärung oder wéinstens no engem Ursprong. Grouss Themen wéi Fraerechter, Rassenennerscheeder an d’politescht Zäitgeschéien bilden nëmmen e kléngen Deel vun disuktéierbaren an kritiséierenden Usätz an der Serie.

Nodeems mir den Don Draper véier Staffelen hinduerch begleet hunn ass heen eis oft méi no komm, mir hunn mat him gelidden, hie bewonnert a mat Momenter a senger ganzer Erbärmlechkeet och verabscheut. Näischtdestotrotz ass et unhand vun senger Entwécklung a sëchlerech och där vun den anere Charakteren, dass eis kloer gëtt, dass Mad Men net jugéiert a kee fäerdegt a verdaament moralescht Urteel liwwert. Dem Spectateur ass fräi iwwerlooss ob hien en Mann wéinst adultèren Handlunge vu grondop béis fënnt oder ob en e Mënsch bleift den sech oft iert, mais grad dowéinst och esou realitétsno a novollzéibar ass. Mad Men besteet net nëmmen aus grousse Männer déi d’Motivatioune vun eiser Welt plangen, Mad Men besteet aus Wiesen déi no engem Wee sichen sech an enger Welt déi net plangbar ass zurecht ze fannen. D’Mad Men sinn Anti-Helden an dofir kucke mer se, dofir hu mer se gär.

D’Liewenszäit ass begrenzt, dofir ass et net klug se un Serien ze verschenken. Mais wann der en bëssen eppes iwwreg hutt, da kuckt des Serie. Se wäert Iech gutt an intelligent ënnerhalen, se wäert Iech dem Laachen an och muenchmol den Tréinen nobréngen, se wäert Iech mat Froe konfrontéieren déi Iech an dëser Form nach net begéint sinn. Se wäert Iech gefalen.

Everybody was well dressed and everybody was a mess
Somewhere ass dem Sofia Coppola säi véierte Film. D’Regisseurin huet bewisen dass si net am Schied vun engem scho bal iwwermächtege Papp stoe muss, mais sech duerchaus och selwer behaapte kann. Virun allem dierft dat mat Lost in Translation kloer gi sinn, en Film den a villen Hisiichte schéin, traureg, ästhetesch ëmwerfend an iwwerhaapt a souwisou beandrockend wor. Allerdéngs huet dëst Meeschterwierk Moossstäb gesat, un déi een nëmme schwéier erukomme kann am weidere Schafen. De Nofolger Marie-Antoinette war e charmante Film, hat awer qualitativ näischt mam Virgänger ze dinn. Ëmsou méi wore Kritiker a Cinéphiler gespaant op dëst neit Wierk an hu gehofft et kéint u Lost in Translation uknäppen.

Ob dat gelongen ass weess ech net wierklech. Dass en et probéiert huet ass kloer. An Lost in Translation begéinen sech zwou op hir eegen Art a Weis verlueren an einsam Mënschen, interpretéiert vum Bill Murray an Scarlett Johansson, an engem Hotel zu Tokyo a entweckelen ënnerhalb vu kuerzer Zäit eng besonnesch an intensiv Bezéiung zouenen. Si schéngen sech géigesäiteg ze verstoen, ze hellefen an ze tréischten, och wann keen vunn denen zwee dës Ofsiicht huet. An esou wéi Lost in Translation ass och Somewhere e Film den sech mat groussen Theme wéi Erwuessesinn an -ginn, Léift, Famill, Alléngsinn an net zulescht och dem Fanne vun enger Aufgab, engem Sënn, auseneesetzt.

Mir begéinen dem Johnny, engem bekannten a gefeierten Acteur den zu Los Angeles an engem Hotel wunnt. Heen verbréngt seng Zäit dermat säi Ferrari auszeféieren, Zwillingsstripperinne komatéis nozekucken, ze drénken an ze fëmmen, hallëfhäerzeg op Pressekonferenzen opzetauchen a geleeëntlech en Dag mat senger Duechter Cleo ze verbréngen. Dëse Liewensstil drot ze zerbrieche wann dem Cleo seng Mamm décidéiert fir onbegrenzt Zäit fortzegoen an hat bei sengem Papp ze loossen.

Ween no konstanter Aktioun sicht wäert mat dësem Film net frou ginn. Somewhere ass e rouege Film den näischt ze vill weist, net all Gefill verbalen Ausdrock verleiht oder d’Liewe vun de Charaktere mat onnéidegem Drama ausschméckt. Alles schéngt ze passen an aneneenzefléissen. Wat gesot muss ginn, dat gëtt gesot a wat net, dat gëtt eweggelooss. Oder fir et mat Wittgenstein ze soen: “Wovon man nicht sprechen kann, darüber muss man schweigen.” Froe ginn net beäntwert a Léisunge ginn och nëmme suggeréiert. Et ass un eis ze gesinn a welch Richtung et geet. De Film weist d’Liewe wéi et ass, keng Verschnörkelungen. Och de Ferrari bleift eemol hänken. Mir gesi kloer dass de Sënn vum eegene Schafen iergendwann aus dem Bléckfeld geréit wann mer permanent weiderlafen an de Rhythmus dem vunn eisem Sportsauto gläicht.

Genee wéi bei de Virgänger leet d’Sofia Coppola och hei e grousse Wäert op e rouegt an harmonescht Bild. Dem Johnny begéint een an der Douche, et kuckt een ëm no wéi en op der Terrasse iwwer Los Angeles bléckt an et beobacht een hie minutelaang wéi en op der Couche virun sech hin sëtzt an drop waart dass eppes passéiert, dass hie passéiert. Mouvement schéngt nëmmen dann ze entstoe wann gefuer gëtt, mais dat stëmmt och esou well et ass an deene Momenter an deenen een dem Johnny seng Einsamkeet versteet a mierkt dass hien ënner der Iwwerflächlechkeet a semiglamouréiser Trostlosëgkeet leid.

Tëscht de Portraitéierunge vunn Los Angeles an dem Hotelszëmmer muss de Spectateur immens oft laachen iwwer dem Johnny seng sëllech absurd Situatiounen. Mam Anzéie vum Cleo allerdéngs gewënnt seng Existenz eng liicht an humorvoll Dimensioun a verléiert un Zynismus a Batterkeet. Méi wichteg allerdéngs ass dass hat, wann och net dem Johnny säi Liewe vu Grond op verännert, him weist dass et do méi gëtt. D’Bezéiung tëscht deenen zwee gëtt immens douce an awer lieweg duergestallt an et spiert een, dass d’Cleo Verännerung an eng statesch Existenz erabréngt. Begleet vun engem immense Soundtrack initiéiert vun Phoenix, duerchliewe si mëttelgrouss an ni schwéier Momenter vu flüchtegem Gléck. Bal denkt een dass et esou bleiwe kéint, dass een do gär wier, dass et méiglech ass bei der Schwämm ze leien an alles esou sinn zeloosse wéi et ass.

De Film probéiert net e Star ze weisen den net eenz gëtt mat sengem Succès. En weist e Mann den onfäeg ass sengem Liewen op de Grond ze goen, de permanent Distractioun sicht fir seng Eidelheet a Gefillslosegkeet net mussen ze erdroen. Et ass kloer dass dëse Film net jidderengem gefale wäert. Mat Momenter gëtt et onangenehm roueg a langweileg, heiansdo hofft een nëmmen op déi nächst Szen well een et net méi erdréit. Dat sollt een net onbedéngt als Fehler gesinn, mais als Versuch dem Spectateur dat wat passéiert méi no ze bréngen. Géinter Schluss hinn vollzitt sech eng ästhetesch an inhaltlech Entwécklung déi esou iwwerraschend, schéin a réirend ass dass een am léifsten nach laang do sëtze bleiwe géing an dat wat ee gesäit nach laang op sech wierke loosse wëll. Mais opstoen an sech soen dass et sech gelount huet, dass d’Sofia Coppola keen zweeten Lost in Translation gedréit huet an awer en immens gudde Film, dat ass schéin.

The Social Network
De Facebook Film. Sou wäerten en wuel vill Leit nennen. Net nëmmen simplifizéirend ass dat, mais wann een den Film bis gesinn huet och nach deelweis falsch. Dem geschaten David Fincher säin neitst Wierk ass menger Meenung no net manner ewéi en Meeschterwierk. An engem moeren Kinosjoer an dem ech oft schon baal liicht depressiv aus dem Cinéma gang sinn  (Dir erënnert Iech unn divers Filmer ewéi Kickass oder leider och Inception) ass et schéin sech einfach duerno ze soen, oder wéinstens no enger kuerzer Denkzäit anzegestoen, ‘ Ahhhh! Do ass en, den gudden Film!’.

Populär ass en wuel elo schonn, behandelt en dach en Thema dat eis all, an ech soen elo all, well 500 Milliounen Mënschen bei mir dat Wuert eropbeschwieren, ugeet an och betrëfft. Kontrovers ass en och, ‘t wees een net wierklech wéi wäit den Fincher wat derbäi gefléckt huet an wéivill wouer ass. Ofgesinn dovunner ass d’Thema ‘Sozial Netzwierker’ den Moment relativ beléift an den Medien, wéi kéint et dat och net sinn, well et ouni zweifel eng ganz Reih ethesch Froen opwierft an nunmol jiddfreen op déi eng oder aner Art doranner involvéiert ass.

Soit. Disskussioun an Medienkrom op d’Säit. ‘t ass en gudden Film. Wourunner hunn ech dat erkannt? Hei eng Approche:

Den David Fincher (Director) an den Aaron Sorkin (Writer) sinn en fantastescht Team. Si wossten ganz genee wéi een esou en delikat Thema verschafft an zesummen an engem wierklech gutt duerchduechtem Script hannerléisst. D’Geschicht vunn dem Mark Zuckerberg  (gespillt vumm Jesse Eisenberg) sengem onmossegen Erfolg gëtt op faszinéierend Art an Weis duergestallt. Mir gesinn éischt den jonken, ultraintelligenten Programmateur an Loner, den zu Harvard studéiert an am Ufang keng Empathie beim Public opkommen léisst. Mir begleeden heen duerch seng Geschicht déi aus Faux-Pas, takteschen Meeschterleeschtungen, Kontkakt zu den ‘richtegen’ Leit, sozialer Verkorkstheet an kalem Kalkül besteet. Hien bedréit säin, wéi et am Film duergestallt gëtt, eenzegen Frënd Eduardo (gespillt vumm Andrew Garfield). Hien schéngt nëmmen falsch Motiver gehat ze hunn fir säin Projet ze realiséieren an d’Fähegkeet tëscht Richteg an Falsch ze ënnerscheeden ass him och net wierklech ginn. Nëmmen heiansto mierkt een, dass hanner all dem en mënschlecht Wiesen stëcht, dat sech extrem gutt verstoppt. Ob all dat stëmmt sief dohinn gestallt. Dass den Plot atemberaubend gutt ass kann een net bestreiden. D’Storyline weist unhand vunn Flashbacks an parallelen Aktiounen wéi Facebook entstaanen ass, wéi den Zuckerberg sech an d’Illegalitéit beginn huet, wéi en Mënschen um Wee verluer huet an wéi en zu dem ginn ass wat en zum Schluss duerstellt. Duerch d’Vermëschung vunn den verschiddenen Etappen léisst den Film eis permanent nodenken iwwer dat wat passéiert. Mir hannerfroen baal automatesch ob seng Handlung gudd oder schlecht wor, entwéckelen nach während dem Kucken en Gefill fir säin Wiesen an, menger Meenung no, eng kléng Portioun Verständnis oder villäicht Matgefill. D’Dialoger sinn immens séier, intelligent, direkt, oft humoristesch an opschlossräich. Nieft den Biller ass den Charakter Mark Zuckberberg och duerch immens Aussoen geformt, den Sorkin, den d’Script geschriwwen huet, huet et gepackt en grandiost Portrait vunn sengem Protagonist ze liwweren.

Zu kengem Moment ass den Film roueg oder langotmeg, en phänomenalen Soundtrack (menger Meenung genee esou gutt wéi den bei Seven oder Fight Club) ënnerstëtzt d’Handlung an den Jesse Eisenberg, Andrew Garfield an souguer den Justin Timberlake, den den Napster Créateur Sean Parker spillt, beweisen hir Kënnen an all Szen. An enger Zeitung hunn ech virunn en puer Deeg gelies, dass Mënschen sech net unn den Mark Zuckerberg erënneren wäerten, mais unn den Jesse Eisenberg als Mark Zuckerberg. D’Kritik ass mer net entgangen, mais virunn allem huet et mer nach eemol kloer gemaach, wéi immens den Eisenberg sech an des Roll erangelieft huet an dass mer mat Sëcherheet nach vill vunn him ze erwarden hunn.

Wien vertraut ass mat dem David Fincher sengem Wierk wees, dass heen zu extrem verschidden Genres an Themen tendéiert. Seven, The Curious Case of Benjamin Button an The Social Network sinn dräi gronntverschidden Filmer an awer sinn se allen dräi eenzegarteg an hirer Cinematographie. Heen ass en Meeschter dorann dem Film en komplett uniquen Stil ze verleihen den sech bei dem Public séier aprägt. Och dësen Film (op der wonnerschéiner Red One Camera gedréit) ass ästhetesch beandrockend. Heen ass en Meeschter op Digital, souzesoen, vunn der Kameraféirung, iwwer d’Beliichtung bis zum Rahmen ass alles perfekt an passt.

Vill Kritiker hunn den Film als ‘Kand vunn senger Zäit’ bezeechent. An jo, natierlech ass en relevant an extrem zäitgemäss. Mais nieft dem wonnen Punkt den en do trëfft ass en einfach och eng brillant Geschicht iwwer Ambitioun, Frëndschaft an Verrot. En beschreiwt den Wëllen em all Präis unerkannt an respektéiert ze ginn. An domadder schlussendlech sech ze definéieren, en Mënsch ze ginn. All des Themen sinn net nëmmen op d’Thema Social Network bezunn, mais sinn universell an betreffen jiddfereen. Wat kann ech soen? Kuckt Iech en unn. O-n-b-e-d-é-n-g-t.

Impressions