Well ech gutt doran sin aus minor incidents major ideas ze maachen. An well ech an Badly Drawn Boy verleift sin. : )
Archive for the ‘Music’ Category
Today’s favourite song
In Music on February 22, 2010 at 6:26 pmLéiwen animeierten Video zu engem Lidd vun der dänescher Band Efterklang, dei ech kierzlech entdeckt hunn.
The Sound and the Fury
In Music on January 31, 2010 at 11:51 pm
Ongefeier en Joer as et hir, dass ech ugefaangen hun ze bloggen. Mir brengt et nach emmer Spass mech matzedeelen, Menschen un mengen Interessen deelhuelen ze loossen, mir nei Meenungen unzeheiren, mech ze begeeschteren an ze kritiseiren. Merci un d’Lieser, merci fir d’Matdeelen vun muncher Meenung, leiwen Grouss un Matblogger.
Ongefeier veier Joer as et hir, dass ech eng Band entdeckt hun, dei mech mei prägen an beandrocken sollt wei ech et domols ahnen konnt. Des Band huet mech mat hirem deemolegen Album erobert. “Pure Vernunft darf niemals siegen”. Ahsou. Verstaan hun ech net allzevill, bis haut wuel net. Gemierkt hun ech allerdengs, dass dei verdreemt stärkend Stemm, d’rockeg an deels orchestral Kläng an d’kryptesch Texter eppes besonnesches woren, eppes daat mir nach nie an dem Senn virdrun zu Geheier gefouert gouf. Rop an rof sin d’Lidder gelaaf, verdeift huet sech meng schéin melancholesch Stemmung. Ech hun mech dann och un hiren freiheren Wierker versicht, net alles huet mir gefall (bis haut nach net), awer spannend wor daat meescht. Seit dem hun ech d’Band drai wonnerbar Keiren live gesinn, schéinst Momenter genoss an dem hir Kläng Soundtrack gespillt hun an verleift aaner Menschen drun Deel huelen gelooss. D’Band heescht Tocotronic an huet virun kuerzem en neit Wierk hervirbruecht. Oha. Read the rest of this entry »
Wanter Mixtape
In Music on December 31, 2009 at 11:22 amEch hun Musek gären. Ech hun den Wanter mat all sengen Gemittlechkeeten an deels och Ongemittlechkeeten gär. Ech gin gären duerch den Schnei an lauschteren schéin, eegen, wanterlech Musek. An well ech schon laang am Kapp haat eng Art Mixtape firzeschloen mat gudder Musek passt sech daat elo fein. D’Lidder dei ech opleschten verbannen ech all op mei oder manner perseinlech Weis mat deser Joereszait. Ech hoffen munches gefällt an reegt villaicht och un den Museker oder d’Band besser kennenleiren ze wellen.
Today’s most loved song
In Music on December 22, 2009 at 10:46 pmDest schéint Lidd well ech gären deelen. Ze fannen as et op der Dark was the night Compilation an interpreteiert hun et d’charmant Sängerin Feist an den wonnerbaren Ben Gibbard, enner aanerem Leadsänger vun der Band Death Cab for Cutie.
Like a lily to the heat. . .
In Music on November 28, 2009 at 11:00 amD´get en puer Saachen dei ech well erliewt, gemaach oder gesinn hun befir ech stierwen. Dozou geheieren: Gesin wei d´Fransousen eng Fussballweltmeeschterschaft gewannen (jo, daat as main Eescht), daat lescht Harry Potter Buch verfilmt gesin(daat och), dem Marcel Proust seng “Recherche” liesen, eng Schokelaspizza bei “The Pink Flamingo” iessen an. . . op en Leonard Cohen Concert goen. Deet mer leed fir dei verreckt Reihenfolg.
Les Kings of Convenience au Bataclan
In Music on November 12, 2009 at 11:00 pm
Geschter Owend hun d’Kinnegen vun der Bequemlechkeet zu Parais am schéinen Bataclan gespillt. Des Plaatz get et schon seit dem 19ten Joerhonnert, den Numm ugelehnt un en Steck vum Offenbach. En relativ klengen Concertsall, d’Bühn verziert mat purpur fuerwegen Virhäng, d’Logen agerummt vun waissen Seilen. Un den Mauren hänken Biller ewei een sech se an engem Salon aus der Belle Epoque firstellt, ah, Paris.
Den Erlend Øye an den Eirik Glambek Bøe hun ech ereischt virun kuerzem fir mech entdeckt, mech allerdengs immens seier an hir Lidder verleift. Dem Eirik seng lues an oft zart Stemm as mei wei wueldoend fir main Ouer, ech fannen virun allem den zwee Norweger hir zereckhalend Art immens gutt, hir melancholesch an duerchaus hei an do philosophesch Texter sin ewei seissen Hunneg an der warmer Mellech vun akusteschen Kläng. Read the rest of this entry »
Torte und Tier
In Music on September 28, 2009 at 6:56 pmDen Käptn Regener an seng Crew hun en neit Wierk erausbruecht virun kuerzem. “Immer da wo du bist bin ich nie” nennt et sech, an wen och nemmen en puer Lidder vun der Band Element of Crime gelauschtert huet wees: Desen Saatz kann nemmen vun hirem Sänger, dem uewen Erwähnten staamen. Nodems ech virun mei oder manner drai Joer mam Album “Weisses Papier” d’Entrée an hir Musek font hun, hun mech hir wonnerbar melancholesch Melodien, urkomesch an tragesch Texter, souwei dem Regener seng kratzeg Stemm begeeschtert. Den Album “Mittelpunkt der Welt” huet mir an allen meiglechen an onmeiglechen Liewenssituatiounen baigestan, oft hun ech zu absurden Sätz gelaacht an heinsto och dei eng oder aaner imaginär Trein verstoppt, während ech den Seimannsgesang menger Seil zougefouert hun. Read the rest of this entry »
Explosions dans le ciel
In Music on September 9, 2009 at 11:01 amGeschter Owend huet d’instrumental Band “Explosions in the Sky” zu Esch Belval (Belval Université?) an der Rockhal en Concert gin. Den ganzen Daag hun ech mech op d’amerikanesch Jongen an hir deels douce, deels awer och kräfteg Tein gefreet. Eng Firband gouf et net an kuerz nodem d’Schmelz geintiwwer der Rockhal an der Daischtert verschwonn as huet d’Musek ugefaang. Kuerz war et, jo, mee intensiv an einfach schéin. Ounie Text as hir Musek fir muncher secherlech net esou licht zougänglech, allerdengs haat ech während dem Concert d’Gefill d’Wieder geifen sech am Kapp einfach formen, och ounie Stemm. D’gelegentlech Begeeschterungsausriff vun den Menschen, d’douce Lucht an dei verdreemt, mee och staark Kläng hun den Concert einfach guckenswert gemaach.
Hei: First Breath after Coma
