Archive for the ‘Beauty’ Category
Tell me: What do you see?
In Beauty on March 27, 2010 at 12:31 pmIcons
In Beauty on March 8, 2010 at 9:10 pm
Den Begreff Ikon huet d’ursprenglech Bedeitung vun “Ofbild” an och nach “Draamgestalt”, “Trugbild”. Wann een sech mat Konscht befaasst begeint een relativ oft desen Figuren, dei meeschtens eng religieis an emmer eng spirituell Bedeitung an sech biergen. Ech denken bei dem Wuert schnell un undächteg Madonnen an glorifizeiert Christus Figuren. Ech hun bis ewell an munchen Kierchen, Kathedralen an nach öfters an Muséehaalen Molereien an desem Stil gesinn, dei mir immens imponeiert hun. Och wann ech mech als onreligies gesinn, kann ech net soen, dass des Wierker mech kaal loossen, am Geigendeel, oft mierken ech, wei konschtvoll Schéinheet an mir eppes ausleisen kann, daat villaicht munch gleeweg Menschen erliewen, wann sie en Moment an hirem Glaawen geneissen.
Hei an elo well ech net vun desen Ikonen schwätzen, mee vun Fraen, dei an dem uewen schon genannten, der Opfassung vun Schéinheet, eppes verännert hun. Fraen, dei mat hirem Gesicht, hirem Charme, hirem Stil, hirer Moud an selbstverständlech hirer Ausstrahlung ganz Generatiounen ästhetesch geprägt hun. Wei oft begeinen mir an klasseschen Filmer, op Buchdeckel, an Zeitungen, jo eigentlech iwwerall weiblechen Wiesen dei nemmen do ubruecht sinn fir ze verzieren, mat hirer Grazie, hirer Schéinheet? Waat mecht Persounen wei d’Marilyn Monroe legendär? Weisou geheiert d’Audrey Hepburn haut schon baal zu enger Meedecherszemmerarichtung? Welch aktuell charmant Damen wärden speiderhin eemol als onvergiesslech entituleiert ginn? Read the rest of this entry »
Mlle Gainsbourg
In Beauty on May 22, 2009 at 10:28 am
Ech freen mech net nemmen op den “Antichrist” well en vum Lars von Trier as, mee och well d’Charlotte Gainsbourg derbei as. Ech denken, dass hat zou dem beschten geheiert, daat den Serge jemols “gemaach” huet.
P.S.Den Willem Dafoe as natirlech och g-a-n-z wonnerbar.
Today’s most loved Photography
In Beauty on March 15, 2009 at 11:08 am
Wonderful Chloé Sévigny. In “Boys don’t cry” she fascinated me. After “Gummo” I fell in love with her.



