Ech hunn mir an den leschten Méint Zäit geholl en Puer Ausstellungen ze besichen, déi ech vum Programm immens spannend kléngend fonnt hunn. Munch Kënschtler woren mir bekannt, anerer nei Entdeckungen. Ech wëll Iech un mengen Gedanken zu der Konscht deelhuelen loossen, géif awer gären nach eng Kéier ausdrécklech umierken, dass ech keen Konschtkritiker sinn, mä et genéissen mir eng gelongen Ausstellung unzekucken oder einfach Momenter vun Schéinheet ze erliewen.
Zu Hamburg hunn ech mir bei äiseg kalem Wieder an der Kunsthalle ‘t Ausstellung Pop Life ugesinn. An dësem Gebai hunn ech mir an den Joeren virdrun ewell eng Rei Ausstellungen ugekuckt (eng dovunner wor ‘t grouss Mark Rothko Retrospektiv, déi en immensen Androck bei mir hannerlooss huet) an hunn ‘t Organisatioun an gudder Erënnerung, esou ewéi den Choix un Wierker. Dës Exhibitioun huet Wierker vun den “gréissten” Pop Art Kënschtler benotzt, fir ‘t Phänomen vun der usteigender Vermaarktung vun Konscht duerzestellen, ugefaang beim Papp vun der kommerzieller Iddi ewéi mir se haut kennen, dem Andy Warhol, bis hin zum Damien Hirst an Jeff Koons. Ech Read the rest of this entry »

Laang as et hir seit ech fir d’leschten Keier hei geschriwwen hun. Seit dem war ech dei meeschten Zait an menger “neier” Staadt, zu Paris. Vill Andreck hun sech nieft mengem duerchwuessenen Universiteitsufang an mir festgesaat. Ech gouf bis elo nach net wierklech enttäuscht vun der aaler, chicer franseicher Madame, d’Flemm haat ech seelen, en bessen mei Rou wenschen ech mir munchmol, mee d’Begeeschterung dei ech all Daag op en neits fir dei lieweg an vielfälteg Plaatz an mir entdecken mecht dann erem esou villes gutt. Bis elo hun ech schon fond:En Lieblingsquartier, en Lieblingskino, eng Lieblingsschwemm an en Lieblingskrimskramsbuttekk. Ech hun welles an nächster Zait mei iwwer all daat ze schreiwen, mei iwwer Paris, iwwer d’omineis Fransousen, iwwer d’franseicht Liewen.
Virun kuerzem gouf ech vun engem Frend op den Fotograf David Hamilton hingewissen, heen huet gemengt seng Fotografien keinten mir gefaalen, geifen villaicht souguer mengem Verständnis vun Aesthetik entspriechen. Ech hun dem besoten Mann seng Arbechten nogesicht an wor iwwerascht wei een zouglaich zart Gestalten mat feenhaften Zich an porzellainarteger Haut esou staark an eng duerchaus pornografesch duerchzunnen Welt setzen keint, ounie dass daat mech och nemmen am gerengsten steiert. Ech fannen d’Fotoen immens douce, berouegend an gesinn se als harmonesch, ounie hir Koketterie ze verleiren. Meeschtens gin jonk Meedecher ofgelicht, zirlech, mat verdreemtenen Blecker an enger baal kitscheger Emgebung. 


