Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren. Read the rest of this entry »
