lapoupeerusse

Archive for 2012|Yearly archive page

Into the Abyss

In Film on April 21, 2012 at 2:51 pm

Dat occidentalt Land dat sech zu all méiglechem Zäitpunkt als Weltpolice a moralesche Virstand gesäit ass och gläichzäiteg dat eenzegt westlecht Land dat niewt demokratesch zweiwelhafte Staaten wéi China, dem Iran a Saudi Arabien, Staaten déi d’USA selwer oft genuch vun hirem Podest aus ze kritiséiere wëssen, nach d’Doudesstrof erlaabt. An dëst a méi ewéi 25 vun insgesamt 50 Staaten. Read the rest of this entry »

A Separation

In Film on March 3, 2012 at 2:01 pm

Image

A Separation ass den éischten iranesche Film den e gëllene Bier gewonnen huet an och den éischten iranesche Film den en Oscar krut fir de beschten auslännesche Film. Op der Berlinale krut en dann och nach zwee sëlwer Bieren fir déi zwee Haaptduersteller an och e Golden Globe fir de beschten friemsproochege Film gouf ëm zougesprach.

De Film gouf geschriwwen an dirigéiert vum Asghar Farhadi, den de Film just produzéiere konnt mat dem Gewënn vu sengem leschte Film About Elly an der Hëllef vun engem amerikanesche Filmfond. Während den Dréiarbechte war et dann och scho bal aus fir de Farhadi, hien haat sech an enger Ried bemierkbar gemaach an der en verschidde kontestéiert iranesch Regisseure gelueft huet an dat huet dem iranesche Ministère fir Kultur and Islamesch Guidance net gefall. Duerch eng Entschëllegung konnt dëse wäertvolle Film dann awer fäerdeggestalt a publizéiert ginn ouni der Zensur ënnerleeën ze sinn. Read the rest of this entry »

Shame

In Film on January 2, 2012 at 11:08 pm

Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren.  Read the rest of this entry »

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.