No dem epesche Prolog den de Schluss ewechhëlt a kloer mécht wourop de Film erausleeft, fänkt den éischten Deel vu Melancholia un. De Michael (Alexander Skarsgård) an d’Justine (Kirsten Dunst) fueren an enger Limousine op hir eegen Hochzäit a komme mam Auto net ëm eng Kéier. D’Gefiert ass ze laang. Se ginn ze Fouss, kommen ze spéit. Se schénge glécklech. Mais wéi och scho bei Breaking the Waves huet de Spectateur en ongutt Gefill während dem Fest. Wéi esou oft bei dem Lars von Trier waacht d’Onheel vun Ufank un iwwer allëm. D’Kameraféierung ass irritéirend a souguer schmäerzhaft unzekucken während der éischter Halschent. Séier fanne mer raus dass mat dem Justine eppes net stëmmt. Hat ass net zefridden, hat ass onroueg, leeft fort viru sengem Mann, léisst e stoen a schlussendlech alleng. Read the rest of this entry »
